Den Deelzäitaarbechtsvertrag - 2 -
|
Marie: |
Wat muss dann elo spezielles an esou e Kontrakt stoë kommen? |
|
Pier: |
Ausser deene Saachen, déi mir all an enger vun eisen éischte Sendongen iwwert de Aarbechtsvertrag opgezielt hunn (an déi op eisen Internetsäiten ënnert dem grénge Kräiz erëm ze fanne sinn), muss den Deelzäitvertrag natierlech verschidde Spezifikatiounen opweisen, an zwar:
|
|
Marie: |
Wat versteet een dann an dësem Fall vun Deelzäitaarbecht ënnert enger Iwwerstonn? |
|
Pier: |
Als Iwwerstonn gëllt fir de Salarié deen en Deelzäitvertrag ënnerschriwwen huet déi Stonn, déi iwwert d'Limitte vu senger Dages- and Wochenaarbechtszäit eraus geet, wéi se a sengem Kontrakt festgehalen ass. |
|
Marie: |
Muss de Salarié dann Iwwerstonne maachen, wann de Patron freet? |
|
Pier: |
Neen, Iwwerstonne kënnen ëmmer nëmmen (an dat net nëmme bei Deelzäitaarbechtskräften) mat géigesäitegem Averständnis gemaach ginn, an dann ënnert deenen am Vertrag festgehale Bedingongen. |
|
Marie: |
Ginn et da Limitte wat d'Iwwerstonne betrëfft? |
|
Pier: |
Op alle Fall däerf e Salarié deen en Deelzäitvertrag huet net esouvill Iwwerstonne maachen, dass en am ganze méi Stonne schafft, wéi an deem Betrib bei Vollzäitbeschäftegong geschafft ginn. |
|
Marie: |
Wéi eng Rechter huet dann en Deelzäitsalarié? |
|
Pier: |
E Salarié deen en Deelzäitvertrag huet, huet am Betrib déi selwecht Rechter wéi e Kolleg dee Vollzäit schafft. |
|
Marie: |
Wéi gëtt dann e Salarié bezuelt, deen en Deelzäitvertrag huet? |
|
Pier: |
Am Verglach mat engem Kolleg deen e Vollzäitvertrag huet, verdéngt den Deelzäitaarbechter mat der selwechter Qualifikatioun an Anciennetéit proportional zu de geschaffte Stonne genee esou vill wéi aner Mataarbechter am Betrib. Dat heescht, wann ech nëmme 50 % schaffen, hunn ech Recht op 50 % vum Loun vun engem, dee voll, also 100 % schafft. |
|
Marie: |
Wéi gëtt dann déi Anciennetéit gerechent? Och proportional? |
|
Pier: |
Neen, hei gëtt net gekuckt, mat wéivill Stonnen d'Woch de Salarié am Kontrakt un d'Entreprise gebonnen ass, mee d'Anciennetéit gëtt gerechent, wéi wann de Salarié Vollzäit am Betrib geschafft hätt. |
|
Marie: |
A wéi verhält et sech da mat Offannen bei Kënnegong, der sougenannter "indemnité de départ"? |
|
Pier: |
D'"Indemnité de départ" vun engem Salarié gëtt gerechent op d'Anciennetéit am Betrib an huet naischt domat ze dinn, op de Salarié voll- oder deelzäit beschäftegt war. Op déi "indemnité de départ" komme mer an engem anere Kapitel nach ze schwätzen. |

