D'Period d'Essai (d'Versuchszäit) vun engem Aarbechtsvertrag
| Marie: | Wéi laang kann dann esou eng Versuchszäit vun engem Aarbechtsvertrag daueren a wat sinn d'Kënnegongsfristen während dëser Period? |
| Pier: | Den zäitlech onbegrenzten Aarbechtsvertrag kann eng Versuchszäit (also eng "période de préavis) virgesinn. Déi muss schrëftlech fir all eenzelne Salarié ofgeschloss am Kontrakt festgehale sinn, an zwar spéitstens deen Dag, wou de Salarié mat senger neier Aarbecht ufänkt. Wa keng esou eng Versuchszäit schrëftlech festgehalen ass, gëllt de Kontrakt direkt als onbegrenzt. Déi zäitlech Dauer vun der Versuchzäit (tëschent 2 Wochen a 6 Méint) ewéi och vun der Kënnegonszäit vun dem Kontrakt während der Versuchszäit (tëschent 2 Deeg an engem Mount) hänkt gréisstendeels vun den ogeschlossene Studie vum Salarié oder senger Pei of. Dës Zäiten hei iwwert d'Antenn ze ginn, bréngt de Nolauschterer awer näischt, esou dass mir do wéilten op eisen Internetsite www.itm.lu an dat gréngt Kräiz vum Helpcenter fir d'Detailer hiweisen. |
| Marie: | Kann dann esou eng Versuchszäit verlängert ginn? |
| Pier: | Jo, dëst ass awer nëmmen da méiglech, wann déi Zäit duerch eng Aarbechtsënnerbriechong (zB. bei Krankheet) net duerchgehend geschafft ginn ass. Esou eng eventuell Verlängerong kann awer net méi laang wéi e Mount sinn. |
| Marie: | Kann d'Verschuchszäit erneiert ginn? |
| Pier: | Neen, op kee Fall. Et kann ee fir ee Patron ëmmer nëmmen eemol eng Versuchsperiod am Vertrag virgesinn hunn. Dëst gëllt och wann een innerhalb vum Betrib an en anere Service versat gëtt. |
| Marie: | Wéi vehält et sech dann, wann een no engem zäitlech begrenzten oder Interimvertrag en onbegrenzte Vertrag kritt. Ass do eng Versuchszäit virgesinn? |
| Pier: | Am Prinzip net, et sief dann, dass déi méiglech Dauer vun der Versuchzäit méi grouss wier wéi den Zäitvertrag, da kann eng Versuchszäit am Vertrag virgesi ginn, wou den Total vun der Dauer awer dee gesetzleche Maximum vun der Versuchszäit net iwwerschreide däerf. (Hei fënnt een och Beispiller op eisen Internetsäiten) |
| Marie: | Wéini kann een da fréistens de Versuchsvertrag kënnegen? |
| Pier: | Eng Kënnegong vun dësem Vertrag dierf a kengem Fall virun deenen éischten 14 Deeg wou mat der Aarbecht ugefaange ginn ass geschéien, ausser bei schwéierem Fehlverhalen oder wa béid Parteie sech géifen eenz ginn, de Vertrag ze stoppen. |
| Marie: | Wat geschitt dann, wann dës Versuchsperiod eriwwer ass? |
| Pier: | Wann de Kontrakt net virum Ufank vun der Préaviszäit vum Versuchsvertrag iwwert Aschreiwen oder géint Récipissé gekënnegt gouf, gëllt ab deem Datum en zäitlech onbegrenzten Aarbechtsvertrag. D'Anciennetéit am Betrib gëtt vum éischte Schaffdag (als am Versuchsvertrag oder eventuell Interim) u gerechent. |

