D'Ofschléissen vun engem Aarbechtsvertrag -2-
|
Marie: |
Mir schwätzen also weider iwwert d'Form vum Aarbechtsvertrag. Wéi kann e Salarié dann e Kontrakt erzwéngen, wa kee geschriwwen ass? |
|
Pier: |
Wa kee schrëftleche Vertrag besteet, steet et dem Salarié zou, mat him iwwerloosse Moyen, an egal em wéi eng Zomme Suen et eventuell geet, esou e Vertrag nozeweisen. |
|
Marie: |
Majo wat geschitt dann, wann eng vun de Parteien de Vertrag NET wëll ënnerschreiwen? |
|
Pier: |
Wann eng Partei net ënnerschriwwen huet, kann déi aner Partei, fréistens 3 Deeg nodeems si dës Ënnerschrëft schrëftlech gefuerdert huet, awer spéitstens 30 Deeg no dem éischte Schaffdag, de Kontrakt ouni Préavis, also Virlafzäit an ouni Strof mussen ze bezuelen, kënnegen. |
|
Marie: |
Wéi eng Regele mussen dann agehale ginn, wann een Aarbechtsvertrag ofgeännert gëtt? |
|
Pier: |
Ma hei komme mir op e Punkt zeréck, dee mir virun 14 Deeg schonn ugeschwat haten. Véier Saachen, déi am Kontrakt festgehale sinn, sinn als sougenannten "essentiell Klauselen" vum Kontrakt vun de Geriichter bezeechent, an zwar d'Aarbechtsplaz, d'Aarbechtsbeschreiwong, d'Aarbechtszäiten an natierlech de Salaire. |

