Outils personnels
Sections
Accueil FAQ RTL D'Ofschléissen vun engem Aarbechtsvertrag -1-
Actions sur le document

D'Ofschléissen vun engem Aarbechtsvertrag -1-

Marie:

Wéini muss en Aarbechtsvertrag ofgeschloss ginn?

Pier:

Den Aarbechtsvertrag, sief et fir en zäitlech begrenzten oder onbegrenzte Vertrag, muss schrëftlech fir all eenzelnen Salarié ofgeschloss ginn, an zwar spéitstens deen Dag, wou de Salarié mat sénger neier Aarbecht ufänkt.

Marie:

Wat sinn dann déi Saachen, déi ongedéngt mussen an esou engem Vertrag festgehale sinn?

Pier:

Fir d'éischt emol ass et wichteg ze wëssen, dass den Aarbechtsvertrag an zweefacher Ausféierong muss geschriwwen an ënnerschriwwe ginn, een Exemplar ass fir de Patron an dat anert ass fir de Salarié.
De Vertrag (also de Kontrakt), muss iwwert folgend Tatsaache renseignéieren:
1. d'Identitéit vun de Parteien, also déi genee Donnéeën iwwert de Patron esou wéi och iwwert de Salarié;
2. den Datum, wéini de Kontrakt uleeft, dat heescht also, den éischten Aarbechtsdag. Fir déi Salariéen, déi op de Mount bezuelt ginn, ass dat ganz oft den 1. oder 15. vum Mount, kann also och den Datum vun engem Samsdeg, Sonndeg oder Feierdag sinn;
3. d'Aarbechtsplaz, also den Uert, wou de Salarié seng Aarbecht ausféiert;
4. aus wat d'Aarbecht, déi de Salarié beim Akraafttriede vum Kontrakt auszeriichten muss, besteet. Dat kann a verschiddene Fäll eng global oder awer och eng zimlech genee Beschreiwung vun der Aarbecht sinn;
5. déi normal Dages- oder Wochenaarbechtszäit vum Salarié;
6. den normalen Horaire vun der Aarbecht, dat heescht, wéini de Salarié wéi eng Deeg muss op der Aarbecht sinn;
7. de Salaire, also d'Pei an all aner Virdeeler oder Zousätz (wéi z.B. Iessensgeld, Fammiljenzoulag, Firmenauto, asw. ) déi dem Salarié eventuell zoustinn;
8. wéivill bezueltene Congé de Salarié zegutt huet. (Bei dësem Punkt kann einfach d'Referenz op d'Gesetz gemaach ginn);
9. d'Déläie vum Préavis, dee muss agehale ginn, wann de Kontrakt gekënnegt gëtt. Dës Déläie sinn de Bastanddel vun enger extraër Sendung, och hei, wat de Préavis ugeet, kann awer einfach Referenz op d'Gesetz gemaach ginn;
10. d'Période d'Essai, also eng festeluechten Zäit, wou speziell Déläie vun Préavis mussen agehale ginn, wou sech Patron a Salarié kënnen e Bild driwwer maachen, ob si zouenee passen;
11. all eventuell Besonnechkeeten oder Zousätz, déi béid Parteie mateneen ofgemaach hunn (wéi z.B. dass no enger gewësser Zäit d'Wiesselen an en aneren Service virgesinn ass, en anere Gehalt no der Proufzäit, aner Aarbechtszäiten, asw. )
a schliesslech
12. op eventuell en Kollektivvertrag am Betrib ze applizéieren ass.

Marie:

Si bei dëse Punkte verschiddener méi wichteg wéi eventuell anerer? 

Pier:

Dat hängt dovunn of, wat een ënnert wichteg versteet. Dës Punkte mussen op alle Fall an all Vertrag opgezielt ginn, verschiddener, an zwar d'Aarbechtsplaz, d'Aarbechtsbeschreiwon, d'Aarbechtszäiten an natierlech de Salaire si sougenannten "essentiell" Klausele vum Kontrakt, déi, esou hunn d'Geriichter beschloss, net kënnen ouni eng bestëmmte Prozedur eesäiteg geännert ginn, mee dozou méi an der nächster Sendung a 14 Deg.

Nos newsletters
Choisissez une newsletter
Votre email