Outils personnels
Sections
Accueil FAQ RTL Den zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag - 3 -
Actions sur le document

Den zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag - 3 -

Marie:

Wéi kënnen dann esou zäitlech begrenzten Vertreeg succédéieren? 

Pier:

Wéi scho gesot, wann en Aarbechtsverhältnis sech iwwert d'Oflafzäit vum zäitbegrenzte Kontrakt ewech zitt, entsteet doraus automatesch en zäitlech onbegrenzte Vertrag.
No dem Oflaf vun engem zäitbegrenzte Vertrag (also no zwou Verlängeronge resp. 2 Joer), däerf net méi op dee selwechte Salarié zréckgegraff ginn, fir e weidere Zäitvertrag. Et däerf och net op en anere Salarié zeréckgegraff ginn, fir op Basis vun engem neien an der Zäit begrenzte Vertrag déi selwecht Aarbecht ze maachen.
Dëst gëllt awer net am Fall wou:

  • dee Salarié, dee virdru schonn ersat ginn ass, erëm ausfält;
  • bei dréngend auszeféierenden Aarbechten;
  • bei Saisonnierskontrakter;
  • bei Kontrakter, wou et Usus ass, Zäitkontrakter ze maachen;
  • wann de Salarié säin Zäitkontrakt, an deem virgesi war, dass e kéint verlängert ginn, net wëll verlängeren. Da ka fir déi Verlängerongszäit en anere Salarié mat engem Zäitvertrag agestallt ginn.

Wann no engem zäitlech begrenzte Kontrakt, d'Aarbechtsverhältnis weidergefouert gëtt, also een an der Zäit onbegrenzten Aarbechtsvertrag ënnerschriwwe gëtt, sinn, fir d'Anciennetéit vum Salarié, déi Méint wou hie mat Zäitvertrag geschafft huet, mat unzerechnen. Dëst gëllt iwweregens och fir Salariéen déi e Vertrag an engem Betrib kréien, wou si virdrun als Interim geschafft hunn.
Deen neie Vertrag däerf a béide Fäll keng Versuchsklausel (Period d'Essai) méi enthalen, Patron a Salarié haten Zäit genuch sech e Bild vun enaner a vun der Aarbecht ze maachen. Dat ass och de Fall, wann de Salarié eng ganz aner Aarbecht muss maachen, wéi hie virdrun ausgeübt huet.

Marie:

Kann dann an engem zäitlech begrenzten Vertrag eng Versuchsperiod virgesi sinn? 

Pier:

Jo, eng Versuchsperiod kann och an engem Zäitvertrag festgehale ginn a gëtt normalerweis op déi maximal Lafzäit vum Kontrakt berechent. Wann de Vertrag kee festen Datum huet, wéini dass en ausleeft, gëtt d'Period d'Essai par Rapport zu der minimaler Kontraktzäit berechent.
Natierlech zielt dës geleeschten Zäit zu der Kontraktzäit a muss zu der maximaler Dauer vum Kontrakt dobäi gezielt ginn.
Während dëser Zäit kann no de legale Bestëmmongen de Kontrakt gekënnegt ginn. Doriwwer hu mir virun e puer Wochen hei op der Antenn geschwat. Dës Informatioune kënnen nach ëmmer op eiser Internetsäit erofgeluede ginn.
Am Fall wou während dëser Zäit de Kontrakt net gekënnegt ginn ass, gëllt e bis zum Datum, deen an him festgehalen an ënnerschriwwe ginn ass.

Marie:

Wéini leeft dann en zäitlech begrenzte Vertrag aus?

Pier:

Majo grondsätzlech zu deem am Kontrakt selwer festgeluechten Datum leeft dee Kontrakt dann och aus.
Ausser am Fall vu schwéieem Feeler (faute grave), kann esou e Vertrag net virun dësem Datum gekënnegt ginn.
Wann de Patron esou e Vertrag trotzdem kënnegt, kann de Salarié Schuedensersaz fuederen. Dëse Schuedensersaz ka säi Loun bis zum Enn vum Vertrag ausmaachen, ouni awer de Loun vum Préavis ze iwwerschreiden, wéi wann et e Kontrakt mat onbegrenzter Dauer gewiescht wär.

Nos newsletters
Choisissez une newsletter
Votre email