Outils personnels
Sections
Accueil FAQ RTL Den zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag - 2 -
Actions sur le document

Den zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag - 2 -

Marie:

Weider Eenzelheeten zum zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag. Iwwert wéi eng Zäit kann een dann esou e Kontrakt ënnerschreiwen? 

Pier:

Wéi scho virun 14 Deeg gesot, kann den Zäitvertrag entweder e festen Datum hunn, wéini dass en also zu Enn geet, oder, am Fall wou en Salarié ersat gëtt, bei Saisonniersaarbechten oder och nach do, wou et Usus ass, NET mat engem onbegrenzte Vertrag ze schaffen, well d'Aktivitéit oder d'Natur vun der Aarbecht zäitlech begrenzt sinn, kann dee Vertrag zu engem am viraus net festgeluechten Datum auslafen.
Wann de Kontrakt also kee festen Datum huet, wéini dass en ausleeft, muss en eng Mindestlafdauer hunn an et muss festgehale ginn, dass en ausleeft, wann de Salarié deen ersat ginn ass, erëm do ass, oder d'Aarbecht, déi am Kontrakt beschriwwe ginn ass, zu Enn bruecht ginn ass.
Ausser bei Saisonnierskontrakter, kann esou ee Vertrag, sämtlech Verlängerongen abegraff, fir een an dee selwechte Salarié net d'Grenz vun den 24 Méint iwwerschreiden.
E Saisonniersvertrag däerf fir eng Period vun 12 uneenhängend Méint 10 Méint, och do sinn d'Verlängerongen abegraff, net iwwerschreiden.

Marie:

Dir schwätzt hei vu Verlängerongen. Wéi oft kann dann esou ee Kontrakt verlängert ginn? 

Pier:

Den zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag däerf maximal 2 mol als zäitlech begrenzte Vertrag verlängert ginn.
De Vertrag, dee fir d'Gesamtdauer vun enger Saison ofgeschloss ginn ass, ass en zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag, och wann en déi Saisonen duerno erneiert gëtt. 
Gëtt en Zäitvertrag méi oft verlängert, ass et keen Zäitvertrag méi, mee et ass een an der Zäit onbegrenzte Vertrag.

Marie:

Wat ass, wann en Zäitvertrag NET den Virschrëften vum Gesetz entsprëcht?

Pier:

Endlech eng Fro, déi ech kann an engem Satz beäntwerten: All Zäitvertrag, deen dem Gesetz net entsprecht, ass een an der Zäit onbegrenzten Vertrag. Bei enger Kënnegong muss also deen vum Gesetz beschriwwene Préavis agehale ginn. 

Marie:

Wéi e Salaire muss dann engem Salarié, deen en Zäitvertrag huet, bezuelt ginn? 

Pier:

Ausser wann et wierklech extra am Gesetz virgesinn ass, muss dem Salarié, deen ënnert engem zäitlech begrenzten Kontrakt schaff, dee selwechte legalen oder konventionnéierte (also duerch e Kollektivvertrag festgeluechten) Loun bezuelt ginn, wéi dee Salarié kritt, deen en onbegrenzte Kontrakt huet. 

Nos newsletters
Choisissez une newsletter
Votre email